------ PRISE EN CHARGE AN DER PEDIATRIE ------
Orthopedesch Kinesitherapie
Fir e Rendez-vous ze maachenoder Âr Froen ze stellenTel. : +352 51 61 80
pediatresch Servicer
Orthopedesch Kinesitherapie
Dësen Typ vu Reeducatioun riicht sech u Kanner, déi Feelhaltungen :
• Feelbildunge vun de Féiss hu wéi zum Beispill, de Klumfouss, de konvexe Fouss,de varous Fouss, den Talusfouss, den huele Fouss, de platte Fouss.• E muskulären, ugebrachen oder haltungsbedéngten Torticolis. Dës Torticolisen kënnen eng Feelformatioun vum Schiedel matsechbréngen, Plagiocéphalie. Dës Deformatioune si reversibel, virun allem wärend dem éischte Liewensjoer. D'Behandlung ass an deenen éischte 6 Liewensméint am effikassten. Dës Period zeechent eng staark Entwécklung vum Schiedel an ass dofir och am gënschtegste fir Deformatiounen. E ng spéider Behandlung ass awer ëmmer nach méiglech.• Pathologie vun den ueweren Extrimitéiten : plexus brachial, scapula alta (surélévation de l’omoplate), dysplasie radiale ou ulnaire…• Feelbildungen oder Feelformatioune vun der Hëft• Probleemer mat der Broscht an den ënneschten Extrimitéiten : antéversion fémorale (enfants assis en W), Verdréinung vum Tibia (enfants avec les orteils en dedans), genoux valgum (jambes en X), genoux varum (jambes de cow-boy), flexum de genou (défaut d’extension du genou), recurvatum de genou Iwwerdeenung vum Knéi)• Arthogrypose (raideur congénitale de minimum 3 articulations leur donnant souvent un aspect « en griffe »)• Krankheetsbiller,déi de Rumpf betreffen : attitude cyphotique ou scoliotique, neurologesch Skolios, ugebuere Skilios, scoliose idiopathique, Krankheet vum Scheuermann, spondylolyse, spondylolisthésis…• Rheumatescht Krankheetsbild vun de Kanner : maladie de Still, Oligoarhtritt, Polyarhtritt, verschidden Zorte Kannerarthtritten• Sportlech bedéngte Krankheetsbiller vun de Kanner : Sinding-Larsen, Osgood-Schlatter, maladie de Panner (douleur au coude), maladie de Kohler, maladie de Freiberg, Legg-Perthes-Calve (nécrose de la hanche), mac master…